Call fir Projeten – Sektioun Kanton Gréiwemaacher

Léif Vertriederinnen, léif Vertrieder vun ärem Guiden- an/oder Scoutsgrupp aus dem Kanton Gréiwemaacher,

Mir lancéieren iwwert de Summer an Hierscht vun dësem Joer e Concours, wou dir eis däerft Projeten eraschécken, déi mir als Partner ënner bestëmmte Conditioune finanziell ënnerstëtzen.

Hutt dir scho méi laang eng gewësse Projetsiddi am Kapp, déi dir aus finanzielle Grënn net konnt ëmsetzen? Denkt dir un e konkrete Projet, deen dir duerch eis finanziell Ënnerstëtzung an eventuell Berodung kéint duerchféieren?

Ënnerschiddlech Theme sinn an dësem Kontext eligibel, beispillsweis am Beräich Offallvermeidung, Recyclage, Educatioun, Naturschutzaarbescht asw. De Projet soll op Lëtzebuerg begrenzt bleiwen. Mir géifen d’Käschte fir d’Realisatioun vum Projet mat bis zu 1.500 Euro finanziell ënnerstëtzen.

Wann dir wëllt participéieren, musst dir eng Beschreiwung vum Projet bis den 31. Januar 2024 areechen. Dofir reecht dir de Formulaire (ënnen an dësem Artikel) per Mail un sektioun.greiwemaacher@naturemwelt.lu bei eis an.

Déi genau Krittären, deenen de Projet muss fir eng finanziell Ënnerstëtzung entspriechen, fannt dir ooch ënnen an dësem Artikel. Vun allen agereechten Projeten siche mir um Enn vum Joer een aus, den eis am innovativsten schéngt, an mat dem mir eis am beschte kënnen identifizéieren. Wann dir et wënscht, kënne mir iech och berodend ënnerstëtzen. Dir dierft eis zu all Moment bei Onkloerheeten uschreiwen. 

Formulaire de participation : 

Aktioun Projet