Wisen a Weede gehéieren zu eisem typesche Landschaftsbild a Lëtzebuerg. Si sinn duerch de Mënsch iwwert Joerhonnerten entstanen. Och haut sinn si nach ëmmer wichteg landwirtschaftlech Produktiounsflächen. Nieft de méi intensiv genotzte Fläche gëtt et och nach ganz aarteräich Blummewisen, déi besonnesch schützenswäert Liewensraim sinn.
Säit Joerzéngte geet de Bestand vun aarteräichem Gréngland a Lëtzebuerg an ganz Europa awer leider zréck. Den Erhalt vun desem aarteräichem Gréngland stoung a steet säit 40 Joër am Mëttelpunkt vun der Aarbscht vun der Fondatioun Hëllef fir d´Natur vun natur&ëmwelt. Zesummen mam Emweltministère konnt am Joër 2020 een Projet gestart ginn, deen sech nach méi intensiv mam Schutz, dem Erhalen an der Restauréirung vun Gréngland beschäftigt. Am Kader vum Projet „Erhalt und Restaurierung von artenreichen Grünlandflächen (2020-2024)“ gëtt virun allem den Flächen am Norden vum Land vun der Fondatioun Hëllef fir d´Natur vun natur&ëmwelt besonnesch Opmierksamkeet geschenkt. Dobäi handelt et sech meeschtens em Wisengesellschaften vam Typus „Glatthaferwiese“ an „Sumpfdotterweise“ an hiren ënnerschiddlechsten Bewirtschaftungsformen an Ausprägungen.
Faarweg bléieräich Wisen a Weeden erfreeën net just eis Aen, mee erfëlle wichteg ekologesch Funktioune fir d’Biodiversitéit, de Buedem-, Klima- a Grondwaasserschutz. Dofir ass hiren Erhalt net just fir d’Planzen an Déieren, déi do wunne wichteg, ma och fir dech a mech. Aus deem Gronn huet den Ëmweltministère déi national Strategie fir den Erhalt vum aarteräiche Gréngland lancéiert. natur& ёmwelt Fondation Hellef fir´d Natur schafft zesumme mat den aneren Acteuren am Land zesumme fir d’Ziler vun dëser Strategie bis 2030 z’erreechen. Méi doriwwer gitt der déi nächst Wochen op dëser Plaz gewuer!
- Fir den Erhalt, Schutz an Neischafung vun aarteräichem Gréngland huet den Ëmweltministère déi national Gréngland-Strategie lancéiert. Bis 2030 soll duerch ënnerschiddlech Usätz de Bestand vun de bedrote Grasland-Typpe vun allen Acteuren a Lëtzebuerg geséchert ginn. Mir erzielen iech an den nächste Woche méi dozou.
- Op méi dréchenen Häng hu mer déi ganz aarteräich Magerrasen (och op EU-Niveau geschützt), déi virun allem duerch extensiv Beweedung entstanen an erhale ginn.
- Op méi fiichte Biedem kënnt déi national geschützte Sumpfdotterblumenwiese vir. Hei op dëser Foto ass déi pink Guckucks-Liichtblumm (Kuckucks-Lichtnelke) aspektbildend.
- D’Glatthaferwiese ass europäesch geschützt (Magere Flachlandmähwiese). Dëse Wisentyp ass am Norden vum Land nach verbreet a gëtt traditionell een- bis zweemol am Joer geméint fir Hee ze maachen.
- Fir d’weidert Bestoe mussen d’Wisen a Weede weider extensiv (e. a. ouni Dünger a Pestiziden) genotzt ginn. Wann näischt méi drop geschafft gëtt, wuessen se lues a lues mat Hecken zou bis datt iergendwann e Bësch do steet. Domadder géifen awer déi eenzegaarteg Liewensgemeinschafte vun de Planzen- an Déierenaarte vun de Wisen a Weede verschwannen.
- Aarteräicht Gréngland ass duerch déi mënschlech Notzung (méinen a beweeden) entstan a gehéiert dofir zu eiser Kulturlandschaft. Typesch ass déi héich Unzuel vu verschiddene Kraider a Grieser a verschiddene Schichte vun der Wiss.