Publié le octobre, 2 2023
Och dëst Joer fannen uechter d’Land rëm Sortenausstellunge statt, organiséiert vun der Fondation Hëllef fir d’Natur. Entdeckt déi verschidde lokal Äppel- a Birenzorten a wat een domadder maache kann, sidd bei eisen interessante Virträg derbäi a kommt laanscht mat Ärem Uebst fir et bestëmmen ze loossen.
![🔍](https://static.xx.fbcdn.net/images/emoji.php/v9/t60/2/16/1f50d.png)
![👉](https://static.xx.fbcdn.net/images/emoji.php/v9/tf0/2/16/1f449.png)
Am Oktober dréint sech bei der Stëftung alles ëm d’Bongerten! Hei ass de Planning:
![▪](https://static.xx.fbcdn.net/images/emoji.php/v9/tcd/2/16/25aa.png)
03.10.-06.10. (all Dag vu 14:00-17:00h): Uebstzortenausstellung zu Schwéidsbeng am Mediterrane Gaart mat engem Virtrag um Freideg Owend (18:30h)
![▪](https://static.xx.fbcdn.net/images/emoji.php/v9/tcd/2/16/25aa.png)
12.10.-13.10.: Uebstzortenausstellung & Bestëmmung am Cactus Wandhaff: Entdeckt verschidden Äppel- a Birenzorten a wéi ee se verwende kann. Donneschdes zwësche 16:00-20:00h kënnt Dir Äert Uebst laanschtbréngen, fir et sur place vun eisem Pomolog bestëmmt ze hunn.
![▪](https://static.xx.fbcdn.net/images/emoji.php/v9/tcd/2/16/25aa.png)
17.10.-20.10. (all Dag vu 09:00-16:00h): Uebstzortenausstellung am Haus vun der Natur op der Kockelscheier. Mëttwochs tëscht 15:00 & 19:00h kënnt Dir Äert Uebst sur place bestëmme loossen an um 19:00 gëtt et e Virtrag zum Theema « Uebstzortenerhalt zu Lëtzebuerg ».
Kommt bis laanscht a liked eis Facebook-Säit Fondation Hëllef fir d’Natur oder followed eis op Instagram « hellefnatur » fir e ganze Mount mat interessante Publikatiounen zu Bongerten
![💚](https://static.xx.fbcdn.net/images/emoji.php/v9/t33/2/16/1f49a.png)